COUNTRY LINEDANCE LENSTER
Mat eiser Trainerin, dem Nicole MILLER, organiséieren mir Country Linedance Coursen fir débutants an avancés. Mir hun och Optrëtter an Workshoppen. Jidderen ass wëllkomm, männlech an weiblech, jonk an jonk bliwwener
Beim Line Dance gëtt no enger Choreographie gedanzt bei der déi eenzel Dänzer, onofhängeg vu Geschlecht, a Reien a Line virun an niewenteneen danzen. Kommt an eis Coursen, a léiert wéi een de Line Dance mat vill Freed danzt.
Couren
Eis Couren sinn:
Dënnschdes vun 18:30-19:30 Auer fir Débutants
Dënnschdes vun 19:30-20:30 Auer fir Débutants Plus
Dënnschdes vun 20:30-21:30 Auer fir Intermédiaires
zu Gonnereng am Festsall